Ballance

Mënsch-Hond-Léieren

  • Schrift vergrößern
  • Standard-Schriftgröße
  • Schriftgröße verkleinern
Home Training Ballance-Philosophie

Eis "Philosophie"

Mëttlerweil ginn et esouvill Hondsschoulen, Hondstrainer, Honds-Clibb, déi Dëst an Dat verspriechen an no dësen oder dénen Philosophien schaffen, esou dass een als Hondsbesëtzer liicht den Iwwerbléck verléieren kann.

Dat "Richtegt" fir sech an säin Hond ze fannen ass net emmer esou einfach an leider kennt et och schon mol fir, dass dës Sich negativ an zu Laaschten vum Hond verleeft.

Hei sinn e puer Fakten, déi Dir wëssen sollt an déi Iech vläicht kënnen an Ären Entscheedungen begleeden:

Et kann jiddereen sech "Hondstrainer" nennen, ouni duefir prezis Viraussetzungen mussen ze erfëllen

D' Trainer an den Honds-Clibb schaffen meeschtens iwwert d' Benevolat an dofier hunn dës Leit net forcément eng Ausbildung. (Et ginn awer selbstverständlech och do gudd Hondstrainer, déi sech uerdentlech weiderbilden an gudd schaffen.)

Wann Dir op der Sich noo där "richtiger Hëllef" sidd, dann verloost Iech op Äert Bauchgefill, an loost Iech net duerch Floskelen ewéi "Ech hunn 20 oder méi Joer Erfahrung, an dat gëtt emmer esou gemaach..." iwwerrieden, fir eppes mat ärem Hond ze maachen, wat Dir eigentlech esou net wëllt.

Referenzen sinn gudd, awer oft leider relativ schwéier op hir Nëtzlechkeet hin ze iwwerpréiwen.

Déi Hondsschoul déi am Nootsten bei Ärem Wunnsëtz ass, muss net unbedingt déi Bëschten sinn.

Wien en Hond huet, huet eng verantwortungsvoll Aufgab.

Zemools an enger Zäit, wou vill Leit an eiser Gesellschaft haaptsächlech noo sech kucken an eis Déieren oft als stéierend empfond ginn, sollte mir Hondsbesëtzer eisen Beitrag zu engem respektvollen Emgang mat eisen Matmënschen leeschten.

Ob Ären Hond z.B. aus dem Asyl kennt, an Dir vläicht an éischter Linn un enger gudder Bezéiung wëllt schaffen, oder op Dir e Welpen hudd, wou den Gros vun der Entwécklung an Ärer Hand läit; keen seriösen Hondsbesëtzer kënnt derlaanscht, sech eeschthaft mat sengem Hond ze befaassen.

An eisen Aaen bedeit d' Zesummeliewen vun Mënsch an Hond an eiser heiteger Zäit, eng harmonesch Balance ze sichen an ze fannen, wou déi zwee Partner als Team sollten drun schaffen.

Fir dës Symbios kënnen ze realiséieren ass et wichteg, dass suwuel den Hond, awer och (an virun Allem) de Mënsch muss léieren déi néideg Kommunikatioun an Motivatioun richteg ze beherrschen an richteg anzesetzen.

Dëst kann eises Wëssens no nëmmen goen, wann een als Mënsch d' Vertrauen vun sengem Hond net onnéideg durch Gewalt an Gejäitz op d' Spill sëtzt.

Heibäi wëlle mir Iech an Ärem Hond hëllefen, siew dat am Eenzel- oder Gruppentraining, an Welpespillgruppen, an Agility-for-Fun Gruppen, beim Spazéierengoen, a.s.w.

 

Banner