Ballance

Mënsch-Hond-Léieren

  • Schrift vergrößern
  • Standard-Schriftgröße
  • Schriftgröße verkleinern

Gefor vu Schokla

Schokla kann déidlech fir Hënn sinn !

 

Schokla enthält Coffëin an een ähnlechen Stoff, deen Theobromin heescht.

Béit Stoffer kënnen zu schwéieren Häerzproblemer féieren.

D'Symptomer vun enger Vergëftung hänken vun der Quantitéit a vun der Art vum Schokla of.

Zartbitter- bzw. Blockschokla ass besonnesch geféierlech.

Kleng Hënn (déi nëmmen e puer Kilo schwéier sinn) kënnen schon stierwen wann se 20 - 30 Gramm giess hunn.
Bei groussen Hënn sinn 120 bis 250 Gramm geféierlech.
Bei Mëllechschokla kënnt et bei ongeféier der zéngfacher Quantitéit zum Doud.
Bei manner groussen Quantitéiten ass nëmmen mat Mo- an Daarm-Problemer wéi z.B. Duerchfall an Erbriechen ze rechnen.

Et ass duerfir onbedéngt ofzeroden Ärem Hond (oder ären aneren Hausdéieren) Schokla oder Knippercher ze ginn.

(Quell: www.menschenmatmuppen.lu)


 

  • Wann Dir (aus wat fir engem Grond och ëmmer) eng Kéier misst eraus fannen, wat fir een Vétérinaire Déngscht huet, kennt Dir dat ëmmer hei nokucken:http://www.amvl.lu/

 © Nico Feider, www.ballance.lu


 

 

Banner