Ballance

Mënsch-Hond-Léieren

  • Schrift vergrößern
  • Standard-Schriftgröße
  • Schriftgröße verkleinern
Home Ballance-Archiv Ballance-Handouts Kommunikatioun Mënsch/Hond

Kommunikatioun Mënsch/Hond

 

Wat mir Mënschen oft vergiessen, ass d'Tatsaach, dass eis Hënn eng ganz aner Sproch hunn ewéi mir. 

Mir kennen also net verlaangen, dass eis Déieren eis einfach esou verstinn.

Eis Hënn mussen fir d'éischt léieren wat eis Wierder an eis Gesten bedeiten.

Wann mir e Wuert-Signal emmer méi haart ruffen ( "sitz, SITZ!, SIIIIIIIIITZ!!!") oder mat Ëmschreiwungen ("Ech hunn dir dach gesoot du solls dech setzen") probéieren eis méi kloer auszedrécken, ass fir eis Hënn keng Hëllef, au contraire: et irritéiert si nëmmen nach méi.

(Et kann een sech dat vläicht am Beschten verdäitlechen, wann een sech virstellt wéi et wär wann een z.B. an China aus dem Fliger klemmt an keen Wuert Chinesesch versteet.)

 

Wann mir also probéieren eisem Hond eppes Neies bäizebréngen, soen mir am Ufank guer näischt, ma mir probéieren mat prézisen Gesten an eiser Kierpersproch den Hond zu dem Verhalen ze bewegen / ze lackelen (= 'Siichtzeechen'), wat mir spéider wëllen mat engem 'Wuert-Signal' verbannen. Den Hond gëtt net ugepaakt fir en esou an eng Positioun ze drécken oder ze zéien!

(Op aner Méiglechkeeten ewéi z.B 'Free Shaping' ginn mir hei elo net an)

Eréischt wann mir géifen 100€ drop wetten, dass mir dat erwënschtend Verhalen sécher kennen duerch eise Geste/Siichtzeechen ofruffen, féieren mir d'Wuert dozou an (z.B. "Sitz").

Oflaf: Mir soen d'Wuert, zielen am Kapp "21-22", maachen dann eisen Siichtzeechen, den Hond sëtzt sech an gëtt belount .

Esou léiert eisen Hond, dass dat Wuert emmer gesoot gëtt, wann hien sech sëtzt, an kann esou d'Verbindung hirstellen.

Mir passen heibäi op eis Kierperhaltung op: Mir bécken eis net iwwert den Hond, well dat een gewëssen Drock op den Hond ausübt (wat mir net wellen) an hien och soss vläicht kennt léieren, dass een sech emmer nëmmen ze sëtze brauch wann den Mensch sech och nach dobäi no vir béckt.

Mir maachen och net de Fehler, dass mir d'Wuert-Signal emmer erëm widderhuelen, méi haart soen oder ëmschreiwen, wann den Hond et net direkt kann emsetzen. Well esou kann et sinn, dass mir eisen Hond léieren, dass et och gutt duergeet wann hien eréischt no der 5 Widderhuelung op d'Signal reagéiert. (Stechwuert: 'Geléiert Irrelevanz')

Wann den Hond net op d'Wuert reagéiert, weess hien vläicht nach net richteg, wat et bedeit, oder net, dass dat och op dëser Plaz an enner desen Ëmstänn gëllt. Et kann och sinn, dass d'Oflenkung nach ze grouss ass. (Stechwuert 'Generaliséieren').

Aner generell Bemierkungen:

  • Bei engem 'Ruhesignal' ewéi 'Sitz oder 'Platz' ass et wichteg, dass een d'Signal och opléist: dat heescht et muss een dem Hond och soen, dass hien elo opstoen däerf.
  • Et muss een den Training emmer un den Alter an un d'Situatioun (eventuell Krankheet, Middegkeet...) upassen an den Hond net iwwerfuerderen.
  • Den Hond soll gären matschaffen an soll och Spaass zesummen mat sengem Mënsch hunn, well nëmmen esou kann een verschidden Signaler och an schwierigen Situatiounen ofruffen.

...

© Nico Feider, www.ballance.lu 

 

Banner